Service des Eaux Lorentzweiler – Smart Infrastruktur mat LoRaWAN

- 📖🕓 ≈  3 min -

De Service des Eaux Lorentzweiler setzt konsequent op Digitaliséierung a modern IoT-Technologien, fir d’kommunal Infrastruktur méi effizient, transparent a nohalteg ze gestalten.

📡 371 LoRaWAN-Waasserzielen am Asaz.

Aktuell hu mir 371 LoRaWAN-Waasserzielen am Gemengegebitt am Betrib. Dës erlaben eng automatesch an energieeffizient Iwwerdroung vun de Verbrauchsdonnéeën.

Mir sinn permanent dobäi, déi al Waasserzielen no an no duerch modern LoRaWAN-Zielen ze ersetzen. Domat verbessere mir:

📊 D’Genauegkeet vun den Donnéeën

⚠️ D’fréi Erkennung vu Leckagen

⏱️ Eis Reaktiounszäiten

🔎 D’Transparenz am Netz

🖥️ Eegen entwéckelt Dashboard

E wichtege Bestanddeel vun eiser Digitaliséierung ass eist selwer programméiert Dashboard.

All Sensordonnéeë lafen do zesummen a ginn iwwersiichtlech duergestallt. Dat erméiglecht eis:

📊 Iwwerwaachung an Echtzäit

⚠️ Schnell Erkennung vun Ofwäichungen

📈 Laangfristeg Analysen a Planung

🔍 Eng zentral Date-Visioun fir den Alldag

🌍 Weider LoRaWAN-Sensoren an der Gemeng

Nieft de Waasserzielen hu mir nach verschidde weider Sensoren am Asaz:

🌧️ Héichwaassersensoren fir kritesch Beräicher ze iwwerwaachen, 🧂 Salzsilo-Sensor fir de Füllstand am Wanterdéngscht, 🗑️ Mülleimersensoren fir d’Entleeërung ze optimiséieren ,🌡️ Wiederstatioun fir meteorologesch Donnéeën, ❄️ Frostsensor fir Glatäis op der Strooss z’erkennen,⛽ Tank-Sensor fir ze gesinn wéi vill Mazout nach disponibel ass, 🏢 Sensor an der Leichenhal fir d’Temperatur ze iwwerwaachen an Zoutrëtter ze erkennen

Duerch dës vernetzt Systemer kënne mir méi séier reagéieren, Aarbechten besser plangen an eis Ressourcen gezielt asetzen.

🚀 Digital Zukunft fir Lorentzweiler

Mat LoRaWAN-Technologie geet Lorentzweiler Schrëtt fir Schrëtt a Richtung „Smart Gemeng“.

De Service des Eaux Lorentzweiler verbënnt traditionell Infrastrukturaarbecht mat moderner Sensortechnologie – fir eng sécher, nohalteg an zukunftsorientéiert Waasserversuergung.

Recommend0 recommendationsPublished in General

Related Articles

Responses