Service des Eaux Lorentzweiler – Smart Infrastruktur mat LoRaWAN

De Service des Eaux Lorentzweiler setzt konsequent op Digitaliséierung a modern IoT-Technologien, fir d’kommunal Infrastruktur méi effizient, transparent a nohalteg ze gestalten.
371 LoRaWAN-Waasserzielen am Asaz.
Aktuell hu mir 371 LoRaWAN-Waasserzielen am Gemengegebitt am Betrib. Dës erlaben eng automatesch an energieeffizient Iwwerdroung vun de Verbrauchsdonnéeën.
Mir sinn permanent dobäi, déi al Waasserzielen no an no duerch modern LoRaWAN-Zielen ze ersetzen. Domat verbessere mir:
D’Genauegkeet vun den Donnéeën
D’fréi Erkennung vu Leckagen
Eis Reaktiounszäiten
D’Transparenz am Netz
Eegen entwéckelt Dashboard
E wichtege Bestanddeel vun eiser Digitaliséierung ass eist selwer programméiert Dashboard.
All Sensordonnéeë lafen do zesummen a ginn iwwersiichtlech duergestallt. Dat erméiglecht eis:
Iwwerwaachung an Echtzäit
Schnell Erkennung vun Ofwäichungen
Laangfristeg Analysen a Planung
Eng zentral Date-Visioun fir den Alldag
Weider LoRaWAN-Sensoren an der Gemeng
Nieft de Waasserzielen hu mir nach verschidde weider Sensoren am Asaz:
Héichwaassersensoren fir kritesch Beräicher ze iwwerwaachen,
Salzsilo-Sensor fir de Füllstand am Wanterdéngscht,
Mülleimersensoren fir d’Entleeërung ze optimiséieren ,
Wiederstatioun fir meteorologesch Donnéeën,
Frostsensor fir Glatäis op der Strooss z’erkennen,
Tank-Sensor fir ze gesinn wéi vill Mazout nach disponibel ass,
Sensor an der Leichenhal fir d’Temperatur ze iwwerwaachen an Zoutrëtter ze erkennen
Duerch dës vernetzt Systemer kënne mir méi séier reagéieren, Aarbechten besser plangen an eis Ressourcen gezielt asetzen.
Digital Zukunft fir Lorentzweiler
Mat LoRaWAN-Technologie geet Lorentzweiler Schrëtt fir Schrëtt a Richtung „Smart Gemeng“.
De Service des Eaux Lorentzweiler verbënnt traditionell Infrastrukturaarbecht mat moderner Sensortechnologie – fir eng sécher, nohalteg an zukunftsorientéiert Waasserversuergung.
Empfehlen0 EmpfehlungenVeröffentlicht in Allgemein
Kommentare